Klassik Album vun der Woch

The Horn Concertos

De spueneschen Hornist Javier Bonet an de Kammerorchester La Real Camara huelen eis mat an d'Welt vum W.A. Mozart senge Cor Concertoen.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Javier Bonet: The Horn Concertos Album (2025) play_arrow
Javier Bonet: The Horn Concertos Album (2025)

Spéitstens zënter de Komponiste Schumann a Richard Strauss, hunn d'Kompositioune fir Cor esou richteg Zoch opgeholl.

Ma och de Wolfgang Amadeus Mozart schenkt dem Cor mat senge Concertoen vill Opmierksamkeet. An genee ronderëm dës Wierker dréit sech de ganz neien Album vum Javier Bonet.

De Museker mat spuenesche Wuerzelen, huet sech dobäi dofir entscheet um Album Naturcor ze spillen.

De Javier Bonet huet aktiv Erfarung an och eng Spezialisatioun fir den Asaz vun historeschen Instrumenter an hirer Aufführungspraxis. Wichteg ass him bei dëser Produktioun, esou de Klang vum Mozart esou riwwer ze bréngen, wéi en och zu där Zäit geduecht war: mat historesch korrekten Instrumenter.

Lauschtert an d'Gespréich mam Marie Trussart an de Lex Kauffmann, déi dës Produktioun méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn.

Lauschterenplay_arrow