Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ The Silk Road

ALBUM VUN DER WOCH

The Silk Road

Vu Venedeg bis a China mat 4 verschidde Komponisten. Op dës Rees hëlt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.

auto_stories

35 min

headphones

7 min

Oslo Kammerakademi play_arrow
The Silk Road

Heiwéinst ass 'The Silk Road' eise Klassik-Album vun der Woch

D’Konzept, fir net nëmmen eng geographesch Rees, mee och eng zäitlos Rees ze maachen, huet iwwerzeegt. D’Faszinatioun vun den Atmosphären an den Harmonien aus dem Orient gouf et net just fréier, mee déi existéiert och haut. Dofir sinn net nëmmen de Saint-Saëns mat ‘Orient et Occident’ an den André Caplet mat der ‘Suite Persane’ vertrueden. Och déi zwee zäitgenëssesch Komponisten, Gisle Kverndokk a Mert Karabey, konnten op dësem Disk hir haiteg kënschtleresch Begeeschterung fir orientalesch Kläng ausdrécken. An dat duerch zwou vun der Oslo Kammerakademi bestallte Kompositiounen. Trotz de klanglechen Ënnerscheeder, spiert ee wéi sech iwwer d’Joerhonnerten ewech Komponisten an hire Virstellungen iwwerschneiden a vun anere Kulture gepräägt ginn.

Och déi kammermusikalesch Perfektioun ass ervirzehiewen. Séier Leef, déi sech tëschent de verschidden Instrumenter ofwiesselen, klénge bal wéi een Instrument. Eng immens gutt ausgeschafften Intonatioun erméiglecht dann och déi kultivéiert Klangbildung. Déi Iddi, fir Kontrabass als eenzegt Sträichinstrument an e Blosensembel ze integréieren, huet sech als e kompositoreschen Ass erwisen. Et ass de gezupfte Klang vun deem grousse Klangkierper, deen dem grousse Blosensembel en orchestrale Fong bitt. D’Perkussiounsinstrumenter sinn natierlech grad bei sou engem Repertoire och eng wichteg Komponent, fir nieft den Harmonien an de Melodien eng komplett orientalesch Impressioun ze garantéieren. Domat ënnerscheet sech d’Oslo Kammerakademi an dëser Produktioun däitlech vun engem normale Blosensembel.

 

Lauschterenplay_arrow

Programm vum Album

The Silk Road | © Oslo Kammerakademi
The Silk Road (Foto: Oslo Kammerakademi)