Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Lanner - Cerrito-Polka, Op. 189 - Ensemble Wien

play_arrow Live
search

/ “The piano is like a soulmate to me”

Klassik-Live // Fir nozelauschteren

“The piano is like a soulmate to me”

Lauschtert den 33-järege chineesesche Pianist Haochen Zhang bei sengem éischten Optrëtt zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Dirigent Tugan Sokhiev interpretéiert hien dem Sergei Prokofjew säin zweete Concerto fir Piano.

auto_stories

2 min

headphones

134 min

play_arrow
Haochen Zhang © Sophie Zhai

"The piano is ingrained into my blood, my mind, my everything" - Haochen Zhang

Programm:

Sergei Prokofjew: Concerto fir Piano an Orchester Nr. 2 a Sol Mineur op.16 (1912/13)
Dmitri Schostakowitsch: Sinfonie Nr. 10 a Mi Mineur (1953)

Interpreten:


Haochen Zhang, Piano
Lëtzebuerger Philharmoniker
Tugan Sokhiev, Direktioun

Moderatioun: Marie Schockmel, radio 100,7 a Maria Gutierrez, SR2 KulturRadio

 

Concertplay_arrow

Interview mam Solist

“De Piano ass elo souguer méi wéi ee Frënd fir mech” - dat seet den Haochen Zhang. Deen 33-järege chineesesche Pianist huet mat véier Joer ugefaange Piano ze spillen. Zanter sengem 15. Liewensjoer lieft hien zu Philadelphia an Amerika. Elo kennt hie fir déi alleréischte Kéier op Lëtzebuerg, fir ee Concert an d’Philharmonie. Do spillt hien net eleng, mee och d’Lëtzebuerger Philharmoniker an de russeschen Dirigent Tugan Sokhiev stinn op der Bün. Den Haochen Zhang huet dem Marie Schockmel méi verroden iwwert säi spannend Liewen a seng Karriär.

Interviewplay_arrow