Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johannes Brahms - Sérénade Nr.2 a La Majeur, Op. 16, IV. Quasi menuetto - Linos Ensembel

play_arrow Live
opus

/ Time-Magazine: Gisèle Pelicot zur "Fra vum Joer 2025“ gewielt ginn

Zesumme mat 11 anere Fraen

Time-Magazine: Gisèle Pelicot zur "Fra vum Joer 2025“ gewielt ginn

Den US-Magazine "Time“ huet d’Franséisin Gisèle Pelicot zur "Fra vum Joer 2025“ ernannt. Si gouf bekannt duerch de Vergewaltegungsprozess vun Avignon, mat deem si un d'Ëffentlechkeet gaangen ass, fir en Zeeche géint Gewalt u Fraen ze setzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Rachel Boßmeyer

Den Time-Magazine argumentéiert, datt d‘Gisèle Pelicot duerch hiert Handele weltwäit zu enger Heldin gi wier. Si war iwwer Jore vun hirem Mann mat Medikamenter drogéiert an an Internetfore fir Vergewaltegungen ugebuede ginn. De Prozess huet mat Prisongsstrofe fir all Ugekloten opgehalen.

D’Gisèle Pelicot deelt sech dës Auszeechnung mat 11 anere Fraen, dorënner der Schauspillerin Nicole Kidman.