Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Georg Friedrich Händel - Sonat fir Gei a Basso Continuo Nr.12 a Fa Majeur, HWV 370, II. Allegro - Jehanne Strepenne (Gei), Rosch Mirkes (Uergel)

play_arrow Live
search

/ Keng 'tiny steps', mee grouss Schrëtt

Klassik Aktuell

Keng 'tiny steps', mee grouss Schrëtt

D'Iwwerschrëft vum nächste Concert vun Ars Nova Lux am Mierscher Kulturhaus (15.10.) ass 'Tiny Step Ahead'. D'Flüttistin vum Ensemble, Maria Miteva, mécht dëse Mount allerdéngs zwee grouss Schrëtt. Si spillt net nëmmen d'Premièrë vun de Wierker 'A Tiny Step Ahead' a 'Stepptanz' mat hirem Ensembel, mee si bréngt den 22. Oktober och en Album eraus.

auto_stories

18 min

Flüttistin | © radio100,7
Maria Miteva (Foto: radio100,7)

Zwou Uropféierungen

Den Ensembel Ars Nova Lux spillt net nëmmen an aussergewéinleche Besetzungen, mee virun allem stinn nei Wierker, haaptsächlech vu Lëtzebuerger Komponistinnen a Komponisten, um Programm. Um Concert de 15. Oktober ginn zwee Stécker uropgeféiert. Dorënner och eent mat Stepptanz.

Wéi dat konkret ëmgesat gëtt erzielt d’Maria Miteva an engem Gespréich mam Christophe Mirkes. Ugefaange mat der Beschreiwung vum Titel vum Concert ‘Tiny Step Ahead’...

Lauschterenplay_arrow

 

© radio100,7
(Foto: radio100,7)

Och en neien Album

'A Tiny Step Ahead' kann een och op der neier CD 'Golden Lights' vun der Maria Miteva héieren. Op dësem Album spillt si nei Lëtzebuergesch a Bulgaresch Wierker, déi si zum Deel och mat de Komponiste selwer opgeholl huet.

D'Maria Miteva huet dem Christophe Mirkes verroden, firwat si den Titel 'Golden Lights', déi engem um Cover schonn entgéint stralen, gewielt huet a wat 'Gold' an dësem Kontext fir eng Bedeitung huet.

Lauschterenplay_arrow