Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Franz Schubert - Fierrabras Ouverture, D 796 - Berliner Symphoniker, Hansjörg Schellenberger (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Tortoise: For Mango and Teal

Kompositioun iwwert hir Schildkröten

Tortoise: For Mango and Teal

D'Catherine Kontz huet eng nei Kompositioun geschriwwe fir den Internationale Klarinetteconcours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival den 11. Abrëll 2025. Am Fokus vum Wierk stinn der Komponistin hier zwou Schildkröten: Mango an Teal.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Mango & Teal | © Catherine Kontz play_arrow
Mango & Teal (Foto: Catherine Kontz)

Eng Musek fir an iwwert Schildkröte komponéieren? Dat huet d'Catherine Kontz elo gemaach. Net einfach esou, mee fir den Internationale Klarinetteconcours, deen den 11. Abrëll am Kader vum Klenge Maarnecher Festival am Cube 521 zu Maarnech ass. 
Wéi den Titel "Tortoise: For Mango and Teal" et scho verréit, huet d'Lëtzebuerger Komponistin dëst Wierk fir hir eegen zwou Schildkröte geschriwwen. D'Mango an d'Teal sinn dräi Joer al, an hu verschidde Charakteren déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert. 
Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si méi verroden.

Lauschterenplay_arrow