Den Daniel Zirbes, deen zesumme mam Cristina Correia Trainer vun den FLF-Dammen ass, no der Entloossung vum Dan Santos am Mäerz, wëllt aus deenen zwou Partien dat Bescht eraushuelen. Et stéiert hien, datt eis Nopere virun deenen zwee Matcher déck Téin späizen.
"Aus dem Umkreis der Belgier hört man schon, dass sie da bemüht sind, soviele Tore wie möglich gegen uns zu schiessen."
Dat wéilt een natierlech verhënneren.
"Sie spielen um den Gruppensieg, dann, gegen Schottland, im Fernduell, wollen natürlich dann viele Tore schiessen, was mir dann schon so ein bisschen eine Nummer zu weit geht, weil jedes Spiel erstmal gespielt werden muss und wir da alles reinwerfen werden, was wir können, um in beiden Spielen ein gutes Resultat zu erzielen."
Nawell erwaart d’Rout Léiwinnen eng ganz staark belsch Ekipp, esou den Daniel Zirbes. Dee selwer, no der Promotioun zum Dammen-Nationaltrainer, d’Enn vun dëser Campagne ofwaarde wëllt fir eng Analys mat der FLF. Där dierft hien awer, den eegenen Aussoen no, an dëser oder an enger anerer Fonctioun erhale bleiwen.