Estnesche Loftraum

UN-Sécherheetsrot kënnt fir Drénglechkeetssëtzung zesummen

Den UN-Sécherheetsrot kënnt de Méindegmëtteg fir 4 Auer eiser Zäit fir eng Drénglechkeetssëtzung iwwer d'Verstéiss am estnesche Loftraum zesummen. Estland huet fir d'éischte Kéier esou eng Reunioun ugefrot.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich
(Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich)

D'Reunioun gouf ugefrot nodeems dräi russesch Kampfjette ronn 12 Minutte laang an de Loftraum vum baltesche Staat agedronge wieren. Russland weist d'Virwërf vu sech. Och d'NATO-Staate sollen sech Ufank der Woch fir Berodunge wéinst dem Virfall treffen. 

Loftraumverstéiss duerch Russland hunn an der lescht ëmmer méi dacks fir Kritik vun den NATO-Alliéierte gesuergt. Ëmmer rëm ass Rieds vu Provokatioun.