Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ US-Verteidegungsministère: 9/11-Attentäter hunn Deal mat der Justiz gemaach

Fir der Doudesstrof ze entgoen

US-Verteidegungsministère: 9/11-Attentäter hunn Deal mat der Justiz gemaach

Déi presuméiert Haaptresponsabel fir d'Attentater vum 11. September 2001 an den USA hu virun hirem Prozess engem Accord mat den US-Autoritéiten zougestëmmt. Dat mellt den amerikanesche Verdeedegungsministère. De Pentagon gouf keng weider Detailer.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Photoshot | -

Der Zeitung New York Times no wier ofgemaach ginn, datt déi dräi ugeklote Männer sech schëlleg erkläre fir d'Doudesstrof ze evitéieren an am Plaz eng liewenslänglech Prisongsstrof ze kréien.

Déi dräi Ugeklote sëtzen am US-Militärprisong Guantanamo op Kuba. Ënner hinnen ass de Chalid Scheich Mohammed. Hie gëllt als den Haaptresponsabele fir d'Plange vun den Attentater mat Fligeren, déi an de World Trade Center zu New York an de Pentagon zu Washington geknuppt waren.

Bei deenen Attentater zu New York a Washington ware bal 3.000 Leit ëm d'Liewe komm. D'Attentater hunn de sougenannten "Krich géint den Terror" ausgeléist an d'US-Invasioune vum Afghanistan an Irak.