Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ US-Autoritéite verhänke Rekordstrof u Lufthansa 

Aviatioun

US-Autoritéite verhänke Rekordstrof u Lufthansa 

D‘Fluchgesellschaft Lufthansa krut vun den US-Autoritéiten eng Rekordstrof an der Héischt vu 4 Milliounen US-Dollar, well Lufthansa 2022 iwwer 100 jiddesche Passagéier de Boarding bei enger Tëschelandung zu Frankfurt verweigert huet an domat diskriminéiert huet. Dat huet den US-amerikanesche Mobilitéitsministère matgedeelt.

auto_stories

1 min

Lufthansa-Fliger | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn

Lufthansa hat argumentéiert, datt sech déi concernéiert Passagéier net un d‘Mesurë géint Covid gehalen hätten, wéi zum Beispill d‘Droe vun enger Mask. D‘Airline hätt a Wierklechkeet awer ni formell ee Passagéier identifizéiert, dee sech geweigert hätt, d‘Mesuren anzehalen, heescht et vun den US-Autoritéiten.

Lufthansa hätt eng intern Formatioun iwwer den Ëmgank mat Antisemitismus an Diskriminéierung lancéiert, esou déi däitsch Fluchgesellschaft.