Iwwerdeems gouf hënt an der Mieresstrooss vun Hormus nees en Transportschëff ugegraff. Dat huet déi brittesch Agence fir d‘Sécherheet am Schëffstransport matgedeelt. D‘Schëff wier vun engem onbekannte Projektil getraff ginn. Iwwer Schied oder eventuell Blesséierter ginn et nach keng Informatiounen.
De Krich géint den Iran hat am Februar duerch en US-amerikaneschen-israeeleschen Ugrëff op den Iran ugefaangen. Deen huet mat Géigenattacken an der ganzer Regioun reagéiert.