Den Donald Trump weist sech elo no der Defaite ganz kämpferesch. Am Nomëtteg huet d'Wäisst Haus ee Message erausginn an deem et geheescht huet:
"Trump is still your president."
Dobäi ass eng Foto vum Donald Trump, op där hie mat zouene Fäischt an engem kämpferesche Gesiicht a sengem Büro sëtzt.
Hie géif mat den Demokraten zesummeschaffe fir sécherzestellen, datt sech d'Land gutt weiderentwéckelt. Dat sot den Donald Trump direkt no senger Walnéierlag géintiwwer dem politesche Magasinn Politico. Hien huet seng Defaite deemno unerkannt.
Keng Kandidatur an zwee Joer
Hien huet iwwerdeems säi Vetorecht als President betount, an am gläichem Otemzuch awer gesot, hie wéilt elo net zwee Joer laang bei all Decisioun vu sengem Vetorecht Gebrauch maachen.
Weider huet hien awer fonnt, den US-israeelesche Krich géint den Iran wier de Grond fir seng Néierlag. Den US-President geet iwwerdeems dovun aus, datt d'Walen anescht ausgaange wieren, wann hie selwer um Ziedel gestanen hätt.
An zwee Joer sinn nees Parlamentswalen, a fir déi dierf den Donald Trump sech net méi opstellen.
Historesch Gewënn fir d'Demokraten
D'Demokraten hirersäits feieren historesch Gewënn. Ënner anerem am Kansas krut den Demokrat Adam Hamilton deen éischten demokratesche Senator zënter 1932. Och Texas huet een Demokrat gewielt déi éischte Kéier zënter iwwer 40 Joer. Am Ohio gouf iwwerdeems den aktuelle Vizepresident JD Vance ofgewielt an den Demokrat Sherrod Brown als Senator gewielt.
Am Michigan gouf iwwerdeems mam Abdul El-Sayed deen éischte Muslim als Senator gewielt. Et goufen och nach weider historesch Premièren. Déi kënnt Dir hei liesen.
D'Demokrate weisen elo Muskelen: De Robert Garcia, Deputéierten am Representantenhaus huet de Republikaner un d'Häerz geluecht, sech Affekoten ze sichen. Domat spillt hien drop un, datt d'Majoritéit am Kongress eng Enquête géint den Donald Trump a seng Regierung kéint an d'Weeër leeden.
Gespléckte Reaktiounen an den USA
D'Reaktiounen hunn net laang op sech waarde gelooss. Ënner anerem de fréiere President Barack Obama huet seng Freed iwwer d'Walnéierlag net zeréckgehalen a geschriwwen, d'US-Vollek hätt mat dëser Wal eng Politik gewielt, déi Mënschen zesummebréngt an net auserneen dreift. An ee Leader, dee konkret Léisunge fir hir Problemer ubitt.
Den Multimilliardär Elon Musk, deen de Republikaner am Virfeld vun de Midterm-Walen 276 Milliounen Dollar gespent huet, huet iwwerdeems mat Humor op d'Néierlag reagéiert: Seng Weltraum-Léiser fir d'Walen ze beaflossen hätten des Kéier wuel net funktionéiert.
EU erhofft sech méi Drock op Russland an am Iran gëtt gefeiert
D‘EU-Chef-Diplomatin Kaja Kallas sot, si géif hoffen, datt den neien US-Kongress méi Drock op Russland wäert maachen an d‘Ukrain weider géif ënnerstëtzen. Europa an d‘USA wieren zesumme méi staark, esou d‘Kaja Kallas.
Am Iran hunn d‘Leit d‘Defaite vum Donald Trump bei de Wale gefeiert. Zu Teheran sinn Dausenden Iraner:inne mat Panneaue mat Karikature vum US-amerikanesche President duerch d‘Stroosse gezunn. D‘Autoritéiten am Iran hu sech no de Wale kämpferesch gewisen: Den Iran unzegräife géif keng Victoire bréngen, huet den Ausseminister op X geschriwwen.
Et gouf och eng Ried vum ieweschte Leader Ajatollah Modschtaba Chamenei publizéiert, dee gesot huet, datt och e Parteiwiessel zu Washington näischt am Krich géint den Iran géif änneren.
Zu Moskau hofft een iwwerdeems, datt den Donald Trump, och wann hie keng Majoritéit méi am Kongress huet, sech weider fir eng Friddensléisung am Ukrainkrich géif asetzen, an datt hie seng Beméiunge fir en Enn vum Krich weiderféiert.
Lëtzebuerger Ausseminister weist sech erliichtert...
Fir déi grouss Majoritéit vun den Deputéierten zu Lëtzebuerg ass dëse Walausgang ze begréissen. Et ass awer keng Iwwerraschung, datt an de Midterms d'Regierung an de President ofgestrooft ginn, huet de Politolog Robert Hamsen vun der uni.lu am 100,7-Interview erkläert. Datt et am Senat zu engem Changement kënnt, wier awer éischter aussergewéinlech.
Den DP-Ausseminister Xavier Bettel huet sech iwwerdeems erliichtert iwwer den Ausgang gewisen. D'US-Amerikaner hätte sech fir en neit Gläichgewiicht tëschent de politesche Muechten entscheet, esou de Xavier Bettel an engem Audio-Message op eis Nofro hin.
...warnt awer virun ze vill Euphorie
Virun ze vill Euphorie warnt de Xavier Bettel awer. Den Donald Trump hätt als President weiderhin e Vetorecht, an d'Demokraten hätten net déi néideg Zweedrëttelmajoritéit, fir dat ze iwwerwannen. Entscheedend wier elo, wéi déi zwou politesch Säite mat der neier Situatioun ëmginn, seet den DP-Ausseminister.
""Elo ginn et zwou Méiglechkeeten: Si blockéiere sech géigesäiteg, an da bréngt et näischt. Oder si setze sech ronderëm den Dësch a probéiere konstruktiv weiderzeschaffen oder mol ufänken, zesumme konstruktiv ze schaffen. Mee wann een d'Charaktere kennt vun deem engen a vun deem aneren, wäert dat net déi einfachst Saach sinn."
De Xavier Bettel hofft, datt déi nei Muechtverdeelung zu Washington fir méi politescht Géigegewiicht suergt an d'Situatioun an den USA sech berouegt. Wéi sech d'Resultat konkret auswierkt, géif sech awer eréischt an den nächste Wochen a Méint weisen.
Staark Hausse op de Bourssen
D'Bourssen an der Wall Street zu New York hunn elo hir Dieren opgemaach, an dat mat enger zolitter Hausse: Den Dow Jones, deen déi wirtschaftlech Situatioun vun den 30 gréissten US-Entreprisen erëmspigelt, ass ëm 1.69 % geklommen. Den Nasdaq, dee fir déi ronn 3.000 Entreprisen an der Technolgie-Branche steet, ass ëm 1,03 % an d'Luucht gaangen an den S&P 500, dee fir déi gesamt US-Wirtschaft steet, ass ëm 1,13 % geklommen.
Datt déi elo, no der Victoire vun den Demokraten, an d'Luucht schéissen, léist drop schléissen, datt d'Entreprisen elo wuel nees méi Vertrauen an déi politesch Decisiounen hunn.