USA

US-Televisiounschaîne ABC verklot Trump-Regierung

D‘US-Televisiounschaîne ABC, déi Disney gehéiert, verklot d‘Trump-Regierung an de Medie-Regulateur FCC wéinst Verstouss géint d‘Meenungsfräiheet. Hannergrond ass, datt de Sender méi fréi wéi virgesi bei der FCC misst ufroe fir seng Lizenzen erneiert ze kréien. 

auto_stories

1 min

© EPA/ADAM S DAVIS
(Foto: EPA/ADAM S DAVIS)

ABC behaapt, dat wier well si Contenu diffuséiere mat deem d‘Autoritéiten net averstane sinn. De Sender geheit dem Medie-Regulateur vir eng Vergeltungs-Campagne ze féieren.