International

USA an Dänemark fannen Accord iwwer Grönland

De Sträit ëm Grönland ass eriwwer: Dänemark an d‘USA goufen sech eens, wéi béid Säite matgedeelt hunn. Grönland gehéiert jo zu Dänemark, ufanks vum Joer haten d‘USA kloer gemaach, datt si d‘Insel iwwerhuele wëllen. Esou wäit soll et elo also net kommen.

auto_stories

1 min

© EPA/NILS MEILVANG DENMARK OUT
(Foto: EPA/NILS MEILVANG DENMARK OUT)

D'nächst Woch soll en Accord tëschent den zwou Säiten ënnerschriwwe ginn. D'USA géifen eng permanent Kontroll iwwert d‘Sécherheet vu Grönland kréien. Dat huet den amerikanesche President Donald Trump op Truth Social geschriwwen. 

Domat géif et de Géigner aus China a Russland onméiglech gemaach ginn, fir sech do ze installéieren, esou den US-President. Déi dänesch Regierung huet preziséiert, datt d‘USA mat deem Accord d‘Souveränitéit an déi territorial Integritéit vum dänesche Kinnekräich unerkennen. 

D‘Selbstbestëmmungsrecht vun de Grönlänner géif awer weider respektéiert. Et wier e gudden Accord fir d‘NATO an Europa, esou den dänesche Message.