Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Niels Wilhelm Gade - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 5, II. Scherzo - Danish National Symphony Orchestra, Christopher Hogwood (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ USA erkennen Oppositiounskandidat als Walgewënner un

Venezuela

USA erkennen Oppositiounskandidat als Walgewënner un

Et géif incontestabel Beweiser dofir ginn, datt hien d'Wal gewonnen hätt, sot den US-Ausseminister Anthony Blinken.

auto_stories

1 min

De Walconseil am Venezula hat e Méindeg den aktuelle President Nicolás Maduro als Walgewënner deklaréiert. D'Oppositioun huet dat direkt kontestéiert. Zanterhier gouf et Masseprotester a Venezuela, bei deene schonn iwwer eng Dose Leit ëm d'Liewe koumen. 

D'Oppositiounscheffin Maria Corina Machado huet zu weidere Masseprotester opgeruff. D'Leit sollte muer an alle Stied vum Land op d'Strooss goen.