Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ USA geheit Russland vir sech an de Walkampf anzemëschen

USA - Russland

USA geheit Russland vir sech an de Walkampf anzemëschen

Déi amerikanesch Regierung geheit Russland vir, sech an den aktuelle Presidentschaftswalkampf anzemëschen. Dofir goufen elo Sanktioune géint verschidde Persounen an Organisatiounen ausgesprach.

auto_stories

1 min

Dorënner och géint zwee Mataarbechter vun RT. VISA fir dës Mataarbechter solle limitéiert ginn. Deemno wier d‘Aktioun vun engem Grupp vu Leit ronderëm de russesche President Wladimir Putin gesteiert.

Mat Falschmeldungen a sougenannten Deep fakes soll d‘Vertrauen an déi amerikanesch Institutiounen ënnergruewe ginn a russlandfrëndlech Meldunge verbreet ginn. Russland huet déi Virwërf haut zréck gewisen, et géif sech ëm eng orchestréiert amerikanesch Campagne a Virwalzäiten handelen.