Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Alessandro Marcello - Concerto fir Hautbois a Ré Mineur, SF935, III. Presto - Kalev Kuljus (Hautbois/Dir.), Lithuanian Chamber Orchestra

play_arrow Live
opus

/ D'USA verhänken Taxe vu 25 Prozent op den Import vu Stol- an Aluminiumproduiten

Annonce vum Donald Trump

D'USA verhänken Taxe vu 25 Prozent op den Import vu Stol- an Aluminiumproduiten

D'USA wäerten Aussoe vum President Donald Trump no haut am Laf vum Dag nei Taxen op den Import vu Stol- an Aluminiumsproduiten annoncéieren.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP

An zwar an der Héicht vu 25 Prozent. Dës Mesure soll fir all Länner gëllen, och fir d'Nopeschlänner Kanada a Mexiko géife keng Ausname gëllen.

Wéini genee dës Taxen a Kraaft triede sollen, ass awer nach net gewosst, dem Donald Trump no soll dat sou séier wéi méiglech passéieren.