Wou d’Uelzecht-Stad ass den zweete Soundwalk vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der Englescher Poetin S.L. Grange. Mam eegenen Handy a Kopfhörer kann een duerch de Gronn trëppelen an iwwer 13 Statiounen d'Geschichte vum Quartier entdecken. Esou soll den onsiichtbare Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg nees méi visibel gemaach ginn. De Soundwalk ass iwweregens gratis a kann zu all Zäit gemaach ginn, ob aleng oder an der Grupp. D'Marie Trussart huet sech mat der Komponistin am Gronn getraff a krut lauter spannend Geschichten erzielt.
Klassik Aktuell
Dat Onsiichtbaart, siichtbar maachen
Wou d’Uelzecht ass eng Klangrees vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz an der Englescher Poetin S.L. Grange, bei deem een de Gronn op eng ganz nei Aart a Weis entdeckt.
auto_stories
1 min
headphones11 min
Impressioune vum Soundwalk "Wou d'Uelzecht-Stad" (Foto: radio 100,7 / Marie Trussart)