De See Siang Wong ass e Pianist, dee sech well laang an intensiv mat de méi onbekannte Wierker vum Ludwig van Beethoven ausernee setzt. Den drëtten a leschten Deel vu senger Serie: UnHEARD, déi de Pianist beim Label RCA Red Seal Records erausbruecht huet, ass de Klassik-Album vun der Woch a Resonanzen. Um Programm stinn auskomponéiert Fragmenter a Skizze fir Piano-Solo an och mat Orchester - an dësem Fall der Camerata Schweiz ënner der Direktioun vum Howard Griffiths.
E waarme Klang
De See Siang Wong iwwerzeegt op dësem Album niewent dem Programm och mat sengen Interpretatiounen. Mat engem waarmen an awer brillante Klang bréngt hien et fäerdeg déi eenzel Wierker op eng ronn an transparent Aart a Weis ze presentéieren.