Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Unerkennung vun engem palästinensesche Staat: Lëtzebuerg wëllt ofwaarden

Xavier Bettel am Noen Osten

Unerkennung vun engem palästinensesche Staat: Lëtzebuerg wëllt ofwaarden

Den Dënschdeg an de Mëttwoch war den Ausseminister Xavier Bettel am Noen Osten ënnerwee. Zu Jerusalem a Ramallah hat hie Gespréicher mat israeeleschen a palästinensesche Responsabelen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Dës Visitt stoung am Schiet vum Unerkenne vun engem Palästinenserstaat duerch 3 europäesch Länner, dorënner d’EU-Memberstaate Spuenien an Irland. D’grouss Fro ass déi, wéi et zu enger Léisung vun der “katastrophaler an ugespaanter Situatioun” an der Kriseregioun ka kommen.

Virun deem Hannergrond wier et wichteg, esou den Ausseminister, fir mat béide Säiten am Dialog ze bleiwen. Dat zu engem Zäitpunkt, wou d’Palästinenser kucke géifen ze iwwerliewen, wat keng normal Situatioun wier. Et misst humanitär Hëllef bei hinnen ukommen.

"Do huet och d’israeelesch Regierung sech engagéiert, mir all Woch hir Zuele vun de Camionen, déi se duerchloossen, zoukommen ze loossen.”

Wat d’Unerkenne vun engem Palästinenserstaat duerch ënner anerem Spuenien an Irland ugeet, seet de Xavier Bettel, datt doduerch näischt geännert hätt. De Grand-Duché géif sech en anere Moment dofir wënschen a virun allem, datt d’israeelesch Geisele fräikommen an d’Palästinenser net méi kucke missten ze iwwerliewen. Déi arabesch Länner an d’USA missten déi mënschlech Tragedie stoppen. 3 Länner wiere wuel wichteg als Symbol, mee Lëtzebuerg wéilt méi eng grouss Beweegung an deem Sënn ofwaarden.

Xavier Bettel: D'Hamas kann d'Gazasträif net geréieren

Och wann een am Westjordanland ënner anerem spuenesch an iresch Fändele geséich, do géif et net dorëms goen, mee ëm d’Liewe vun de Leit an der Gazasträif. D’Palästinenser hätten e Recht op Liewen an net op Iwwerliewen. An awer missten Israeelien a Palästinenser, och wa vill dofir ze di bléif, zesummen eng Léisung fannen, fir kënnen zesummenzeliewen.

Dem Lëtzebuerger Ausseminister no wéilt d‘Hamas kee Fridden, et wier hire "Fonds de commerce“, datt et keng Zweestaateléisung gëtt.

"An et muss ee sech d’Fro stellen, ob verschidde Leit iwwerhaapt Fridde wëllen. Awer ouni Fridde geschitt hei näischt ...“

Och wann den Haass openeen déif wier, misst ee kucken, schrëttweis an déi richteg Richtung ze goen. An d’Palästinenser bräichten Hëllef fir d’Gazasträif ze geréieren, well dat kéint net vun der Hamas gemaach ginn.

Aktualitéit
International
Noen Osten
Wirtschaft