Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.17 a Si bémol Majeur, K570, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Uropféierung vun "Imbalance"

Fir d'éischte Kéier ze héieren

Uropféierung vun "Imbalance"

D'Solistes Européens, Luxembourg spillen dem jonken Oboist a Komponist Félix Turrión Eichler seng Kompositioun "Imbalance" fir déi éischte Kéier viru Public. Dëst Wierk gëtt dobäi och choreograféiert vun der Dänzerin Sylvia Camarda.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Félix Turrión Eichler

De Félix Turrion Eichler ass 24 Joer jonk a vu klengem u passionéierte Museker. Haut studéiert hien Hautbois a komponéiert gläichzäiteg eng Rei eege Wierker. Seng neiste Kompositioun mam Numm “Imbalance” gouf bis ewell nach net viru Public gespillt.

Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert am Grand Auditoire vun der Philharmonie, gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass dann och an Zesummenaarbecht mam Kulturministère entstanen.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de jonke Museker iwwert seng Usiicht vu klassescher Musek vun haut a verréit, wat hannert "Imbalance" stécht. Grat esou, woufir seng Passioun nieft der Musek brennt.

Op Wonsch vum Museker, hunn si sech am Interview geduuzt.

Lauschterenplay_arrow