Den éischte gemeinsamen Album
Den Altersënnerscheed tëschent de Schwësteren Danae a Kiveli Dörken ass véier Joer. Trotzdeem hu si zur selwechten Zäit ugefaange Piano ze léieren. Allen zwee hunn eng Karriär als Solo-Pianistinnen an hunn och schonn alle béid Solo-Albumen opgeholl. Wann déi zwee zesumme spillen, heescht et 100 Prozent Energie. Si sprange vill ronderëm a bleiwen net roueg um Pianosstull sëtzen. An och hir véier Äerm sinn dacks ënner- an iwwereneen.
Géigesätz zéie sech un
Zwou Schwësteren an zwou Gottheeten - Dësen Album huet definitiv op d’mannst zwou verschidde Perséinlechkeeten. Op “Apollo & Dionysus” ass Musek vu Felix Mendelssohn Bartholdy bis Philip Glass drop. Et ass ee spannende Mix, deen déi zwou Schwëstere mat enger immenser Verbonnenheet spillen. Zu munch Momenter mengt ee bal, et wier nëmmen eng Persoun um Piano - esou verbonne sinn d’Danae an d’Kivali Dörken.
Ee ganz perséinlechen Album
An déi zwee lueden och an d’Musek vun hirem Heemechtsland Griichenland an. Den Album ass ënner anerem inspiréiert vun hirer griichescher Groussmamm, déi hinne fréier ëmmer Geschichte vun den olympesche Gottheete virgelies huet.