Am Ganze goufen domat bis haut 19 Persounen op Uerder vum Untersuchungsriichter festgeholl, heescht et am Communiqué.
Zwou weider Persounen, déi a Spuenien a Frankräich wéinst anere Strofdote festgeholl goufen, kréien och vun der Lëtzebuerger Justiz virgehäit, an d'Caritas-Affär involvéiert ze sinn.
Parquet schwätzt vun engem neie Moment
De Parquet confirméiert weider nach eng Kéier déi rezent Festnam vun enger Fra an Italien, déi eng zentral Roll beim Wäisswäsche vun de geklaute Sue gespillt hätt.
Am Communiqué schwätzt d'Justiz vun engem neie Moment an der Affär. Déi Fra ass awer nach net u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.
Virun zwee Joer war d'Caritas Affer gi vun engem internationale Finanzbedruch. 61 Milliounen Euro goufe geklaut. Déi fréier Finanzdirektesch vun der ONG gouf als éischt inculpéiert. Déi aner Spuere féiere bis elo an d'Ausland.
An der 100,7-Podcast-Serie "Carambolage" ginn d'Hannergrënn vun der Caritas-Affär beliicht: Wéi konnt dee risege Bedruch geléngen? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an aacht Episoden.