Wirtschaft a Mobilitéit

Verbrenner-Motor "kënschtlech um Liewen erhalen": E "fatale Feeler" vun Däitschland

Däitschland a Frankräich fuerderen, datt d’Klimaziler an der Auto-Industrie gelabbert ginn an d’Produktioun an der EU méi protegéiert gëtt. Déi wirtschaftspolitesch Denkfabrick Bruegel vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt virun de méigleche Suitten.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

De Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel, seet am 100,7-Interview, datt deen däitsch-franséische Pakt souguer dat schlechtst aus béide Welte wier.

Friedrich Merz: "Das Verbrenner-Aus ist Geschichte"

Hien nennt dofir och konkreet Grënn. Éischtens géingen domat d’Klimaziler fir 2040 ënnergruewe ginn, déi souwisou scho staark ënner Beschoss stinn.

Den Emissiounshandel soll reforméiert ginn an och d’Recht, C02 auszestoussen.

Dem Ofkommes no missten Autoshiersteller hir Emissioun vun 2035 u just nach ëm 90 Prozent reduzéieren. Den däitsche Bundeskanzler sot dozou, datt de Vebrenner-Aus domat vum Dësch wier.

De Friedrich Merz an engem elektresche BMW iX3 | © EPA/CLEMENS BILAN
De Friedrich Merz an engem elektresche BMW iX3 (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Mécht déi däitsch Autosindustrie de selwechte Feeler wéi virun e puer Joer schonn?

De Jeromin Zettelmeyer warnt awer, datt de Verbrenner-Motor global gesi guer keng Zukunft méi huet. Elo géing den Androck vermëttelt ginn, datt just den däitsche Verbrenner-Motor nach iwwerliewe kéint, obwuel dat guer net stëmme géing.

China huet an de leschte Jore massiv op d’Elektromobilitéit gesat. An Däitschland géing duerch dat Ofkommes d’Hoffnung bestoen, et kéint ee sech “aus dieser Entwicklung herausklinken”, mengt den Direkter vun der Denkfabrick Bruegel.

“Es wird der selbe Fehler wiederholt als sie vor Jahren auf Diesel und andere Verbrenner gesetzt haben anstatt auf EV.”

De Jeromin Zettelmeyer | © Bruegel
De Jeromin Zettelmeyer (Foto: Bruegel)

Diskriminatioun vu verschiddenen Autoen

Déi zweet Kritik um Ofkommes ass vun industrieller Natur: Däitschland a Frankräich fuerderen, datt just nach Autoen, déi an der EU produzéiert ginn, vu Subventioune profitéieren dierfen.

Mee wann den europäesche Marché vu chineeseschen Autoen iwwerschwemmt gëtt, firwat ass esou eng Iddi da schlecht?

De Jeromin Zettelmeyer ass averstan domadder, datt den europäesche Marché viru chineeseschen Autoe protegéiert sollt ginn, awer ebe just viru chineeseschen, an net virun Autoen, déi an anere Länner hiergestallt ginn, wéi zum Beispill Japan, Südkorea, Tierkei oder Marokko.

Mat deene Länner hätt een zum Deel Fräihandelsofkommen, an déi dierft een op kee Fall briechen. Doriwwer eraus géingen déi Autoen, déi weder aus der EU, nach aus China kommen an deem Fall “diskriminéiert ginn”.

“Das ist ein fataler Fehler, da es sich hier um Bündnisparter handelt.”

Egoistesch Positiounen an um Enn verléiert d'EU

E méigleche Modell kéint esou ausgesinn: No Ofsprooch mat China géing ee sech op eng gewëss Importquot festleeën. All Auto, deen uewerhalb vun där Quot importéiert gëtt, gëtt mat Douanestaxe verhaangen. Fir aner Länner soll dat awer dann net gëllen.

Am Oktober hu Bréissel a Peking schonn en Ofkommes iwwer Hybrid-Autoen ofgeschloss an den Import op 350.000 Autoe pro Joer limitéiert.

Ënner dem Stréch betount de Jeromin Zettelmeyer, datt een eng Strategie bréicht fir den Iwwergang an d’Elektromobilitéit ze plangen, amplaz de Verbrenner kënschtlech um Liewen ze erhalen.

Béid Positiounen, esouwuel déi däitsch, wéi och déi franséisch, géingen um Enn awer just no sech kucken. Déi Däitsch wëllen de Verbrenner bäibehalen, d’Fransousen den EU-Marché esou staark protegéiere wéi et nëmme geet. Verléierer wier dobäi d’EU.

Lauschterenplay_arrow