Parquet Lëtzebuerg

Belästegungsfäll zu Beetebuerg: Verdächtege Jong vun 12 Joer festgeholl

Nodeem d’Police an de leschten Deeg Fäll vu presuméierter Belästegung vu jonke Fraen zu Beetebuerg gemellt hat, gouf elo e Mannerjärege festgeholl.

auto_stories

1 min

D’Affer haten der Police gesot, datt eng onbekannte Persoun si ugeschwat hätt, si belästegt a beréiert hätt, a si zum Deel bis bei hiert Doheem verfollegt hätt.

Dës Virfäll wiere fir d’Affer besonnesch belaaschtend a si kéinte bei der lokaler Populatioun fir e Gefill vun Onsécherheet suergen, esou de Parquet.

D’Police huet e Freideg de Mëtteg eng verdächteg Persoun festgeholl, e Jong vun 12 Joer.

De Parquet erënnert a sengem Communiqué dorun, datt eng Persoun esoulaang als onschëlleg gëllt, bis si verurteelt ass.