Frankräich

Verschwanne vun engem 11 Joer ale Meedchen: Haaptverdächtege keen Onbekannten

An der Affär ëm d'Verschwanne vum 11-Joer ale Meedche Lyhanna a Frankräich ginn et nei Informatiounen iwwer den Haaptverdächtegen. Géint de Mann vun 41 Joer war zejoert eng Plainte wéinst Vergewaltegung vun engem 10 Joer ale Meedchen deposéiert ginn. Dat huet de Procureur vun Toulouse confirméiert.

auto_stories

1 min

Entféierung Symbolbild | © picture alliance / imageBROKER | Ingeborg Knol
Entféierung Symbolbild (Foto: picture alliance / imageBROKER | Ingeborg Knol)

Iwwerdeems geet d‘Sich nom 11-Joer ale Lyhanna weider. Hatt war de leschte Freideg zesumme mam Verdächtege fir d‘leschte Kéier viru sengem Kolléisch gesi ginn. De Mann behaapt hien hätt d‘Meedche mam Auto matgeholl a bei enger Piscine erausgelooss.

De Verdächtege gouf wéinst Verdacht vun Entféierung ugeklot.