Den Duo Vershinina/Lee dat sinn d' Pianistinnen Yulia Vershinina-Mukhopadhyay an Chiahu Lee. Déi hu viru kuerzem en Album erausbruecht mam Titel (ré)inventions à deux pianos. D'Pianistinnen, déi och Frëndinne sinn, réinterpretéieren Inventioune vum Johann Sebastian Bach an erfannen se nei.
Am Gespréich mam Marie Trussart huet d'Yulia Vershinina-Mukhopadhyay d'Konzept vum Album erkläert an ënner anerem verroden, firwat si heiansdo ganz nostalgesch gëtt wann si dem Bach seng Musek héiert oder spillt.