Radioen

On air

Notturno  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", III. Empty Set - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ Vun 8 Auer un: Verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg

Däitsch-Lëtzebuergesch Grenz

Vun 8 Auer un: Verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg

An Däitschland gi vun haut un nees all d‘Grenze kontrolléiert. Däitsch Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, fäerten, datt et zu gréisserem Stau kéint kommen. Wéi de Pressespriecher vun der Bundespolizei Tréier am 100,7-Interview erkläert huet, géingen d'Kontrolle stéchprouwenaarteg duerchgefouert ginn.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Daniel Karmann

Déi däitsch Regierung hat déi zousätzlech Kontrolle bei der EU-Kommissioun ugefrot, fir déi illegal Immigratioun ze bremsen.

De Kanzler Olaf Scholz hätt am Virfeld mat de Regierungscheffe vun de betraffene Länner telefonéiert, dorënner och mam Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, esou déi dätsch Presseagence.

Der däitscher Inneministerin Nancy Faeser no soll den Trafic net weider behënnert ginn. Et géif sech an der Haaptsaach ëm sougenannte "smart" Kontrollen handelen.

Déi zousätzlech Kontrollen un den däitsche Grenze solle fir elo mol déi nächst 6 Méint daueren.

Betraff vun den zousätzleche Kontrolle sinn déi däitsch Grenze mat Lëtzebuerg, Frankräich, der Belsch, Holland an Dänemark. Un den däitsche Grenze mat Polen, Tschechien, der Schwäiz an Éisträich gëtt et scho méi laang Kontrollen.

Et wäert bei just engem Kontrollpunkt bleiwen

De Stefan Döhn, Pressespriecher vun der Bundespolizei Tréier, huet am 100,7-Interview Prezisiounen zu de Kontrolle ginn. Zënter Mëtternuecht ginn dës Grenzkontrollen duerchgefouert. Géint 8 Auer geet ee stationäre Kontrollpunkt op der däitscher Säit vun der Tréierer Autobunn op, wou stéchprouwenaarteg kontrolléiert wäert ginn. Dat selwecht gëllt vun 10 Auer u fir ee Kontrollpunkt tëschent Däitschland an der Belsch.

D’Police wéilt sou wéineg wéi méiglech den Trafic vun de Frontaliere beaflossen, esou de Stefan Döhn. D’Leit kéinten hëllefen, andeems si hir Pabeiere prett halen. De Pressespriecher huet awer betount, datt et bei dësem engem Kontrollpunkt bleift. Fir de Rescht gi mobil Kontrollen duerchgefouert.

Aktualitéit
International
National