Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Muzio Clementi - La Chasse a Ré Majeur, Op. 16, III. Allegro assai - Rodolfo Leone (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Vill Lëtzebuerger Solisten an international Staren mat den SEL

Saison 2025/26

Vill Lëtzebuerger Solisten an international Staren mat den SEL

Eng Saison mat 10 Concerten an der Philharmonie, an enger grousser Noriicht bezüglech dem Chefdirigent.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

Christoph König | © Grzesiek Mart play_arrow
Christoph König (Foto: Grzesiek Mart)

D’Solistes Européens, Luxembourg hunn elo hir nei Saison 2025-26 virgestallt – um Programm stinn am Ganzen 10 Concerten an der Philharmonie. Eng grouss Noriicht ass datt den aktuelle Chefdirigent Christoph König nach weider dräi Joer beim Orchester bleift. 

Et gëtt eng Saison mat ville Lëtzebuerger Solisten op der Bün. Mat dobäi sinn de Pianist Jean Muller, den Cellist Benjamin Bruithof, d'Bridder Yanis a Matis Griso op der Gei an um Cello, an de Bariton Franz Schilling. Donieft sinn awer och vill international Staren ze entdecken: déi hollännesch Bridder Lucas an Arthur Jussen um Piano an och den Albrecht Mayer, de Solo-Oboist vun de Wiener Philharmoniker.

D'Marie Schockmel huet d'Detailer.

Lauschterenplay_arrow