"Ech géif all Respekt viru mir selwer verléieren, wann ech einfach géif weidermaache wéi bis elo", esou huet den iresche Singer-Songwriter Aaron Rowe säi Récktrëtt vun der Ed Sheeran-Tour annoncéiert. An och hien huet säi Statement mat de Wieder "Free Palestine" opgehalen.
Zwee Wierder, déi dem Macklemore um Häerz leien
Och de Lukas Graham an de Finneas O'Connell, grad ewéi d'Band Beoga hunn hir Ofso un der Tournée op de Soziale Medie matgedeelt.
De Rapper Macklemore hat virun e puer Deeg matgedeelt, datt d'Ekipp ronderëm den Ed Sheeran hie vun der Tournée ausgelueden huet, well hien op der Bün gesot hätt, ee vun de Grënn wisou hien iwwerhaapt op der Tournée dobäi wier, wier fir kënnen zwee Wierder ze soen, déi him um Häerze géife leien, nämlech "Free Palestine".
Doropshin hat d'Organisatioun Israeli-American Council (IAC) eng Petitioun lacéiert fir de Macklemore auszeschléissen.
Nach bis November geet dem Ed Sheeran seng Tournée.