Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  John Williams - End Credits, aus 'Born on the Fourth of July' (Film) - The City of Prague Philharmonic, Nic Raine (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Vivaldi Incognito: eng Entdeckungsrees duerch onbekannt Meeschterwierker

Klassik Album vun der Woch

Vivaldi Incognito: eng Entdeckungsrees duerch onbekannt Meeschterwierker

De neien Album vum Barockensembel Hexaton, ënner der Leedung vu sengem Grënner Guillaume Rebinguet Sudre, presentéiert eng nei Facette vum Antonio Vivaldi.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Méi wéi just déi véier Joreszäiten

Den neien Album vum Barockensembel Hexaton heescht "Vivaldi Incognito" – an de Numm ass Programm. De Vivaldi ass wuel virun allem fir seng véier Joreszäite bekannt, mee säi Repertoire geet wäit doriwwer eraus. De Barockensembel Hexaton, ënner der Leedung vum Guillaume Rebinguet Sudre, gräift fir dësen Album op Sonate fir Gei a Basso Continuo zeréck – Wierker, déi meeschtens am Schied vu senge méi populäre Concerte stinn.

E Bléck hannert d’Kuliss vum Virtuos

Vill vun de Wierker stamen aus dem sougenannte Manchester Manuskript - eng Sammlung, déi drop hiweist, datt dës Sonaten als Serie konzipéiert goufen. Dobäi erkennt een direkt dem Vivaldi seng musikalesch Sprooch an déi emotional Déift, déi och an dëse manner bekannte Stécker duerchbléckt. Eng flott Kombinatioun aus Vertrautem an Neiem.

Nei Stécker am ale Stil

Als Iwwerraschung fënnt een um Album och zwou Originalkompositioune vum Sudre, eng Toccata fir Cembalo an e Prelüd fir Theorbe. Déi orientéieren sech stilistesch un de 1720er Joren a fügen sech harmonesch an de Rescht vum Album an. Esou verbënnt "Vivaldi Incognito" d’Musek vun engem groussen italieneesche Meeschter mat enger frëscher, kreativer Handschrëft aus eiser Zäit.

Lauschterenplay_arrow