Dës Klima-Konferenz misst genotzt gi fir en Ausstig aus de fossillen Energië konkreet anzeleeden. Dat nodeems op der leschter Klimakonferenz zejoert keng Feuille de route dofir festgehale gouf.
Lëtzebuerg misst Votum Klima no och e chiffréierten Inventaire vun de finanziellen a steierlechen Hëllefe publizéieren, déi et den Ament nach fir déi fossil Energien hei am Land ginn, mat engem Zäitplang, fir déi Subventiounen ofzeschafen.
Trotz +2,6 Grad net opginn
D‘Welt géif op eng Äerderwäermung vun 2,6 Grad bis 2100 histeieren. Déi maximal 1,5 Grad aus dem Paräisser Klimaaccord kéinten elo schonn net méi agehale ginn.
Dat wier awer kee Grond opzeginn a sech beim Klimawandel éischter op d‘Adaptatioun wéi op d‘Ursaache-Bekämpfung ze konzentréieren, esou nach Votum Klima an hirem Schreiwes.