An der Concert-Serie "ActArt" presentéieren Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ee Museksprogramm, dee ganz kloer den Impressionismus erëmspigelt.
Mat Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel féieren de Pianist Grégoire Baumberger, de Geiist Emilio Mecenero an den Cellist Stéphane Giampellegrini duerch déi verschiddenst Klangfaarwen.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Pianist vum Owend, de Grégoire Baumberger iwwert déi bildlech Musek an de roude Fuedem vun dëser musikalescher a geografescher Rees.
Alleguer d'Informatiounen zum Concert fannt dir hei.