Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georg Philipp Telemann - Ouverture a Si bémol Majeur, III. Allegresse, Vite - Freiburger Barockorchester

play_arrow Live
search

/ Vum Bordell an de Concertssall

Klassik Aktuell

Vum Bordell an de Concertssall

Vum Bordell bis an de Concertssall: A sengem Wierk ”L'Histoire du Tango” beschreift de Komponist Astor Piazzolla d’Geschicht vun deem Genre, an deem hie seng Karriär gemaach huet. Dës musikalesch Rees steet am Mëttelpunkt vum nächsten ActArt-Concert, e Mëttwoch (22.05.) am Stater Conservatoire.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Astor Piazzolla, 1971 | © Wikimedia commons play_arrow
Astor Piazzolla, 1971

L’Histoire du Tango, ass net nëmmen den Titel vum nächsten ActArt-Concert, mä och vun enger Kompositioun vum Astor Piazzolla. E Mëttwoch (22.05) steet dëst Wierk am Stater Conservatorie op der Affiche, wann de Carlo Jans op der Flütt, d’Vania Lecuit op der Gei an d’Katrin Reifenrath um Piano op e breet gefächerten Tango-Owend invitéieren. Niewent dem Tango-Meeschter Piazzolla, steet och dem Nino Rota säin Trio am Mëttelpunkt. Deen ass vum Geescht hier staark mam Tango verbonnen, wéi d’Katrin Reifenrath am Interview beim Luc Boentges verroden huet.

 

Lauschterenplay_arrow

 

Weider Informatiounen zum Concert fannt Dir hei.