Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Robert Fuchs - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 102, II. Allegro Scherzando - Stephan Siegenthaler (Klarinett), Stamic Quartett Prague

play_arrow Live
opus

/ Vun e Méindeg u gëtt op däitsche Fluchhäfe gestreikt, och Flich op a vu Lëtzebuerg betraff

Wéinst Streiken

Vun e Méindeg u gëtt op däitsche Fluchhäfe gestreikt, och Flich op a vu Lëtzebuerg betraff

Fir Passagéier déi de Méindeg iwwer däitsch Fluchhäfe reese wëllen, gëtt et ganz schwiereg. Op Mëtternuecht fänkt nämlech e Streik op den 13 grousse Fluchhäfen un. De Streik soll viraussiichtlech 24 Stonnen daueren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / CHROMORANGE | MICHAEL BIHLMAYER

Domat falen e Méindeg d’Luxair-Flich op a vu Berlin aus. Dat deelt d’Fluggesellschaft mat. De Moie schonn huet d'Gewerkschaft Verdi e kuerzfristege Streik um Fluchhafe vun Hamburg gemaach. Den däitsche Fluchhafeverband geet dovunner aus, datt eng 3.400 Flich gestrach ginn. Dat dierft en Impakt op iwwert 500.000 Passagéier hunn.

D'Ursach vum Streik sinn Tarifverhandlungen am ëffentlechen Déngscht. Vill Personal op de Fluchhäfe gëtt no dësen Tarifreegele bezuelt. An de leschten Deeg goufen et och scho Streiken a Klinicken, Fleegeheimer an am ëffentlechen Transport.