Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ WHO rifft weltwäit Noutlag wéinst Mpox aus

Keng konkret Suitten

WHO rifft weltwäit Noutlag wéinst Mpox aus

Wéinst der Verbreedung vun Mpox um afrikanesche Kontinent, huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun eng weltwäit Noutlag ausgeruff. Konkret Suitten huet dat awer keng. Mat där Alarmstuf wëllt d‘WHO Gesondheetsautoritéiten awer rëm eng héich Opmierksamkeet bieden.

auto_stories

1 min

Mpox | © picture alliance / CFOTO | CFOTO
Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO

Par rapport zu enger neier méi geféierlecher Variant, déi déi ëffentlech Gesondheet kéint impaktéieren. Et ginn aktuell 2 Impfstoffer géint déi Pouken, allerdéngs feelt et un den néidegen Dosen, grad um afrikanesche Kontinent.

Déi europäesch Gesondheetsautoritéit gesäit de Risk fir eng Ausbreedung vum Virus um europäesche Kontinent als minimal. Mpox verbreet sech iwwert sexual Kontakter, ass domat net licht iwwerdrobar, a kann, wann e bis diagnostizéiert ass, och liicht gestoppt ginn.