Am CAPE zu Ettelbréck trëtt een Duo op, mat zwee Instrumenter, déi een net esou dacks zesummen héiert: de Saxofonist Andreas Mader an de Pianist Joseph Moog stellen hire neien Album mam besonneschen Titel “Walking the Dog” vir. Do gëtt et e variéierte Programm an deelweis och selwer arrangéiert Stécker.
Am Gespréich mam Sophie Schroeder huet den Andreas Mader schonn eng Rei Detailer iwwer de Concert an och iwwer de neien CD verroden.