Radioen

On air

Notturno  |  Johann Sebastian Bach (arr. Olivier Fourés) - Passacaglia a Fugue an Do Mineur, BWV 582 - Le Concert Idéal, Marianne Piketty (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Wann d’Feier brennt

Klassik Album vun der Woch

Wann d’Feier brennt

Den alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Alleréischten Album vum Ensembel vu Saragossa

Den Ensemble Bayona kennt vu Saragossa, an ass voller internationaler Musekerinnen a Museker. E puer vun hinnen hunn sech kennegeléiert wärend hirer Studienzäit op der Fachhochschule zu Bern. Zanterhier gouf et ëmmer erëm e Wiessel bei de Memberen. Op der Gei sinn et aktuell d’Maria Florea vu Barcelona an d’Simone Roggen vun Auckland a Neiséiland. Braatschistin ass d’Maria Moros, a si ass zu Saragossa gebuer. D'Pianistin Camille Sublet kënnt aus der Schwäiz. Um Cello spillt den Eros Jaca, an hien ass och gläichzäiteg de Grënner an den artisteschen Direkter vum Ensembel Bayona. Zesummen hunn si och vill Präisser gewonnen, ënnert anerem den “Dwight und Ursula Mamlok Preis für Interpretation zeitgenössischer Musik”. Am Kader vun deem Präis hunn déi fënnef 2021 och hiren éischte grousse Concert am Konzerthaus zu Berlin gespillt. Op dësem Album kollaboréiert den Ensembel och nach mat enger Sängerin déi zemools fir hire Flamenco bekannt ass – dat ass d’Maria José Pérez.

 

Eng Bréck tëscht der klassescher an zäitgenëssescher Musek

Fir den Ensemble Bayona soll Musek ëmmer interdisziplinär sinn. Déi fënnef Musekerinnen a Museker wëlle géint dat traditionellt Konzept vum klassesche Concert wierken, zemools fir eng Zort “authentesch Kommunikatioun” tëscht hinnen an dem Publikum ze erméiglechen. Aus deem Grond ginn d’Musekerinnen an d’Museker vum Ensembel och fir all Projet passend opgestallt. Op hirem neien Album spillen si och Musek vu véier ganz verschiddene Komponisten. Nieft dem Joseph Lauber aus der Schwäiz an dem Manuel de Falla sinn och nach zwee zäitgenëssesch Komponisten dobäi: de Christoph Blum an de Francisco Coll.

 

“Cantos” vum Francisco Coll

Ee weidere vun de véier Komponisten op dësem Album ass de Francisco Coll. De Spuenier huet huet och scho mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mat hirem Chefdirigent Gustavo Gimeno zesummegeschafft. 2021 hunn si den Album “coll” zesummen erausbruecht. Op dësem Album vum Ensemble Bayona ass säi Wierk “Cantos” dobäi. Dat huet hie fir de Quarteto Casals komponéiert. Et ass e Wierk mat engem eenzege Saz, mat engem ganz spirituellen an introspektive Charakter, a mat enger Rei vu Kadenzen. De Francisco Coll wollt dobäi den Toun vun der mënschlecher Stëmm imitéieren.