Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

De gemittleche Moien  |  Emilie Mayer - Sinfonie Nr.3 Do Majeur, "Sinfonie Militaire", II. Un Poco Adagio - Philharmonisches Orchester Bremerhaven, Marc Niemann (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Wat ass nach iwwereg vun der Piratepartei?

100,7-Interview mam Starsky Flor

Wat ass nach iwwereg vun der Piratepartei?

Bei de leschte Wale ware si ee vun de Gewënner a krute souguer ee Sëtz an der Chamber bäi. Ee Joer drop ass souwuel dee Sëtz, wéi och de Momentum bei de Pirate fort. D'Partei probéiert elo, sech nei opzestellen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D’Partei huet turbulent Méint hannert sech. An der Suite vun der MALT-Affär hunn een Deputéierten an eng Rëtsch Gemengerotsmemberen der Partei de Réck gedréint. Déi zwee verbliwwen Deputéiert, Sven Clement a Marc Goergen, ginn net méi mateneen eens. Elo soll nees Rou an d’Partei kommen.

Un de Projet gleewen

De leschte Samschdeg haten d'Piraten hire Kongress, wou nieft den neie Statutten och dräi nei Parteikoordinatore bestëmmt goufen. Ee vun hinnen ass de Starsky Flor. Am 100,7-Interview erkläert hien, datt hien net laang gezéckt hätt, fir dat Amt unzehuelen.

Zanter 2013 ass de Starsky Flor scho Member bei de Piraten. Hien hätt gehollef, dëse Projet mat opzebauen a géif och weider doru gleewen. Datt et aktuell net déi einfachst Zäit fir d'Partei ass, weess hien awer och.

Quasi wochelaang hu sech hir wuel zwee bekanntste Vertrieder - déi Deputéiert Marc Goergen a Sven Clement - an der Press verbal attackéiert. Mee de Starsky Flor kuckt trotz dëse Streidereien no vir a presentéiert sech als Pragmatiker.

“Wa Problemer do sinn, muss ee probéieren, se ze léisen an net fortlafen.”

D'Heele vun de Wonne bei de Pirate kéint awer duerchaus ee laange Prozess ginn, gëtt och de Starsky Flor zou. Op Grond vun den neie Statutten an der neier Parteileedung wier hien awer zouversiichtlech. Datt dëst eleng awer elo déi déck Loft tëschent Goergen a Clement net verschwanne léisst, dees ass de Starsky Flor sech bewosst. "D’Situatioun ass komplex", esou de gebiertegen Ettelbrécker. 

“Et leeft ee juristesche Prozess. Un dee si mir gebonnen. Mir kucken duerno, wéi et weidergeet.”

"Mir sinn all grouss an al genuch"

Och wann hien elo Parteikoordinator ass, gesäit sech de Starsky Flor awer net als Vermëttler tëschent den zwee Piraten-Deputéierten. Jiddweree wier grouss an al genuch a wéisst, wat um Spill steet, esou de Co-Porte-Parole vun der Piratepartei. Et géing een awer dru schaffen, d'Differenzen op d'Säit ze leeën, fir och d'Vertraue vun der Wieler:innen zeréckzegewannen, an d'Memberen nees ze mobiliséieren.

Vun deenen haten der iwwerdeems net immens vill de Wee op de Kongress um Samschdeg fonnt. 32 Memberen hate sech zu Péiteng afonnt. Wéi vill Leit un der Online-Ofstëmmung deelgeholl hunn, konnt de Starsky Flor net méi soen. Just, datt d'Partei awer nach ëmmer méi Memberen hätt, wéi der zu Péiteng waren.

live

Live