Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, II. Langsam - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen?

Den Hallwer Néng

Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen?

D’Renaturéierung vu Flëss a Baache bréngt nëmme Virdeeler, soen de Bruno Alves aus dem Ëmweltministère an de Guy Spanier, deen et um Beispill vun der Uelzecht beleeë kann. Mat hinnen huet sech de Maurice Molitor um Bord vun der Uelzecht um Gebitt vun der Schëfflenger Gemeng getraff. 

auto_stories

7 min

headphones

23 min

Uelzecht | © Maurice Molitor play_arrow
Déi renaturéiert Uelzecht bei Schëffleng. (Foto: Maurice Molitor)

Um Gebitt vun der Schëfflenger Gemeng gouf d’Uelzecht viru gutt 20 Joer renaturéiert. Haut erënner näischt méi drun, datt de Floss eng Kéier duerch ee Kanal gefloss ass.

Wat ass iwwerhaapt eng Renaturéierung?

Virdru war d’Uelzecht plazeweis a Kanäl agebett, déi an enger riichter Linn duerch d’Wise verlaf sinn. Dat war ekologesch war net wäertvoll, well kee Liewen do war, erkläert de Guy Spanier. Hie ass entretemps pensionéiert, huet awer als fréiere Mataarbechter vum Service écologique vun der Schëfflenger Gemeng um Projet matgeschafft. D’Renaturéierung huet d’Bachbett ugehuewen, verbreet, an d’Bach nees an den Déifpunkt vum Dall geluecht. Den ale Kanal ass dobäi zougeschott ginn.

Bei der Renaturéierung gëtt och probéiert, deen ale Mäander – also de Flossverlaf – nees ze retabléieren. Dobäi gëtt sech op ale Kaarte baséiert. Hautzudaags verleeft de Floss net honnertprozenteg sou, wéi et virgesi war. D’Waasser sicht sech schlussendlech säi Wee selwer duerch d’Natur.

De Bruno Alves (lénks) an de Guy Spanier (riets). | © Maurice Molitor
De Bruno Alves (lénks) an de Guy Spanier (riets). (Foto: Maurice Molitor)

D’Flora a Fauna profitéiert

Bal 20 Joer nodeems op där hei Plaz d’Renaturéierung ofgeschloss ginn ass, huet sech d’Natur den Eck nees ganz zeréckgeholl. De Guy Spanier betount, datt dat effektiv och méi séier gaangen ass, wéi geduecht. Schonn no e puer Méint sinn déi éischt Grasplanze gewuess, kuerz drop déi éischte Straicher. Déi Beem, déi haut hei stinn, sinn och all vum selwen entstanen.

Net just d’Flora, mee och d’Fauna huet sech entwéckelt. De Wäissstorch zum Beispill, dee 50 Joer laang net méi hei opgetaucht ass, léisst sech nees blécken. Eng Koppel bréit souguer all Joers hiren Nowuess hei. Dat selwecht gëllt fir ronn 16 Vullenaarten, déi soss net méi hei unzetreffe waren, an elo een Tëschestopp op hirem Wee Richtung Süden, respektiv Norden aleeën. Néng Vullenaarten, déi virdrun ni zu Lëtzebuerg gesi gi sinn, fënnt een och elo hei rëm.

D’Feeler aus der Vergaangenheet korrigéieren

D’Renaturéierungsprojeten uechter Europa orientéiere sech un enger Direktiv, déi viru méi ewéi 20 Joer op EU-Niveau gestëmmt ginn ass. D’”Wasserrahmenrichtlinie” huet als Zil, d’Gewässer nees an ee gudden ekologeschen Zoustand ze bréngen.

Iwwer Joerzéngten ewech gouf praktesch net no de Gewässer gekuckt. Se goufe staark verbaut. Et ass eben eng Tendenz vum Mënsch, d’Natur iergendwéi an de Grëff ze kréien, mengt de Bruno Alves. Fréier gouf d’Waasser a Kanäl geleet, fir et esou séier wéi méiglech fortzekréien. Lénks a riets sollt de Buedem bewirtschaftet ginn, a vill Offall gouf einfach an d’Baachen a Flëss gehäit. De Motto deemools: Aus den Augen, aus dem Sinn, esou de Bruno Alves. An och d’Industrie huet hiert dozou bäigedroen an d’Gewässer verbaut. D’Feeler aus der Vergaangenheet sollen elo korrigéiert ginn.

Der EU-Direktiv no sollt d’Renaturéierung bis 2025 geschitt sinn, mat Verlängerungsméiglechkeete bis 2021 an 2027. Mee och bis dëse leschten Datum wäert et net gelonge sinn.

“One out, all out”: Eng streng EU-Direktiv

Konkret soll bis dohin de “gudden ekologeschen Zoustand” erreecht sinn. Mee firwat huet dat nach net geklappt? De Bruno Alves erkläert, datt et dräi grouss Critèrë ginn, no deene gekuckt gëtt: Déi biologesch Komponent, déi physiochemesch Komponent, an déi hydrologesch Komponent. Bei deenen dräi ginn et all Kéiers Ënnerkategorien, wou verschidde Parameter ënnersicht ginn. Zum Beispill de pH-Wäert vum Buedem, d’Entwécklung vun der Flora a Fauna, oder d’Waasserqualitéit.

Lo ass et awer esou, datt d’Direktiv mam Prinzip “One out, all out” funktionéiert. Dat heescht, wa vu 50 Parameter 49 gutt sinn, a just ee schlecht, da gëtt d’Gesamtqualitéit vum Fléissgewässer als 'schlecht' bewäert. Am Moment erfëllt och keent vun de Lëtzebuerger Fléissgewässer alleguer d’Critèren, fir als 'ekologesch a guddem Zoustand' klasséiert ze ginn.

Eng Renaturéierung bréngt eng Rei Virdeeler mat sech. | © Maurice Molitor
Eng Renaturéierung bréngt eng Rei Virdeeler mat sech. (Foto: Maurice Molitor)

Den Terrain ass rar an deier, och fir ee Gewässer

Et gi ronn 4.000 Kilometer Gewässer zu Lëtzebuerg. Net all Gewässer kann awer renaturéiert ginn, präziséiert de Bruno Alves. Et muss gekuckt ginn, wat renaturéiert ka ginn, a wou et Sënn mécht. Et gi Gewässer, déi als “highly modified bodies” agestuuft ginn. Dorënner falen zum Beispill d’Musel oder de Stauséi. Déi sinn esou staark verännert ginn, datt eng Renaturéierung net méiglech ass. Op deene Plaze gëtt einfach gekuckt, fir de bescht méiglechen ekologeschen Zoustand ze erreechen.

Wéi vill ass zu Lëtzebuerg da bis elo geschitt, a wéi vill bleift nach ze maachen? De Bruno Alves seet, et wier schwéier, eng Zuel ze nennen. Bis elo wieren awer gutt 40 Kilometer renaturéiert ginn, an an deenen nächste Jore sinn 100 weider Kilometer virgesinn. De Péitrussdall an der Stad, zu Ettelbréck laanscht d'Promenad, d’Gander zu Mondorf, oder nach d’Trëtterbach am Éislek si just e puer Beispiller vun ofgeschlossene Renaturéierungen.

Dee gréisste Problem bei der Renaturéierung ass d’Disponibilitéit vum Terrain. Ënnert dem Stréch soll dem Gewässer jo méi Plaz zur Verfügung gestallt ginn, mee den Terrain zu Lëtzebuerg ass rare an deier. Heiansdo wieren d’Negociatioune laangwiereg a schwéier, bedauert de Bruno Alves. D’Ofkafen oder den Tosch vun Terraine kann heiansdo d’Léisung sinn.

Protektioun géint Héichwaasser a méi kill Temperaturen

Mee d’Renaturéierung kënnt mat etleche Virdeeler. Dee bekanntsten ass sécherlech d’Protektioun géint d’Héichwaasser. Duerch d’Renaturéierung fléisst d’Waasser net méi sou séier, a fënnt sou och manner gutt de Wee an d’Uertschaften.

Mee de Géigendeel trëfft och an: Wann et ganz waarm Jore sinn an d’Baachen deelweis dréche leien, kënne renaturéiert Gewässer trotzdeem eng gewësse Fiichtegkeet bäibehalen. Dat geschitt duerch d’Ufervegetatioun. Och d’Déiere profitéieren dovun a kënne sech besser virun der Hëtzt schützen. Ee renaturéiert Gewässer kann och méi CO2 bannen an als Kalloftgenerator déngen. Déi kal Loft kann da Richtung Uertschafte geleet gi fir dës a waarme Méint ofzekillen. Wann een d’Natur also gewäerde léisst, da gëtt se och eens.

Méi Informatiounen zur Renaturéierung vu Baachen a Flëss ginn et um Site vun der Administration de la gestion de l'eau.

Lauschterenplay_arrow