Zënter ronn dräi Joer gëtt et de Bachelorstudiegang 'Enseignement Musical' (bem) op der Lëtzebuerger Universitéit. Den 20. Abrëll 2024 ass deen alleréischten 'Impulse Day' vun dëser Fakultéit. Eng Porte ouverte, op där interesséiert spéider Studenten de Programm an interaktive Workshops presentéiert kréien.
De Luc Nijs, den Direkter vun dësem Bachelorstudium, huet dem Christophe Mirkes am Interview erkläert u wien sech dëse pädagogesche Studiegang riicht a wat d'Ziel vun der 6 Semester laanger akademescher Ausbildung ass.