Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Zu Lëtzebuerg gouf aneschters gewielt wéi zu Amsterdam a Bréissel

Franséisch Walen am Benelux

Zu Lëtzebuerg gouf aneschters gewielt wéi zu Amsterdam a Bréissel

Bei de Parlamentswalen a Frankräich konnt den Nouveau Front Populaire sech um Enn duerchsetzen.  Am Benelux bitt sech allerdéngs en anert Bild: Do gouf den Deputéierte vun der Partei vum President Macron erëmgewielt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Lëtzebuerg Frankräich Fändel | © picture alliance / Goldmann | Goldmann play_arrow
Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann

De Pieyre Alexandre-Anglade gouf eng weider Kéier an d’Assemblée nationale gewielt, als Representant vun de franséische Staatsbierger:innen am Benelux-Raum, mat awer nëmmen 349 Stëmme Virsprong géint seng sozialistesch Géignerin Cécilia Gondard vum Nouveau Front Populaire.

Am éischten Tour hat si nach op éischter Plaz geleeën. A Prozenter ausgedréckt schwätze mir hei vu 50,24 géint 49,76 Prozent. Also wierklech e ganz knappen Ausgank am Benelux.

Lëtzebuerg war wuel ausschlaggebend

Datt de Pieyre-Alexandre Anglade um Enn gewonnen huet, dat huet hien eenzeg an eleng de franséische Wieler:innen hei zu Lëtzebuerg ze verdanken. Effektiv krut hien hei am Land bal 69 Prozent vun de Stëmmen. Zu Bréissel an zu Amsterdam war et jeeweils eng Victoire fir d’Cécilia Gondard.

Wann een den Detail vum Resultat kuckt, da gesäit een, datt d’Kandidatin vum Nouveau Front Populaire an der Belsch, wou an der Benelux-Circonscriptioun déi meeschte Fransousen a Franéisinne wunnen, 4.125 Stëmme Virsprong hat, an Holland nach 665.

De Pieyre-Alexandre Anglade krut allerdéngs zu Lëtzebuerg 5.139 Stëmme méi. Wann een déi Stëmmen dann all zesummenzielt, ass d’Rechnung séier gemaach.

D’Cécilia Gondard ass natierlech frou iwwert d’Gesamtvictoire vum Nouveau Front Populaire, awer enttäuscht iwwert hiert eegent Resultat, sot si am 100,7-Interview. Firwat si zu Lëtzebuerg esou däitlech verluer huet, erkläert si sech esou:

"Moi je suis élue pour la Belgique. Donc je ne suis pas élue pour les frontaliers du Luxembourg. Donc c'est assez logique. On va dans la circonscription dans laquelle on est élu."

Verschidde Participatiounstauxen

D’Walparticipatioun am Benelux huet warscheinlech och zu dësem Resultat bäigedroen.

Tatsächlech ware méi Leit zu Amsterdam, Bréissel a Lëtzebuerg wielen, wéi an deene leschte Joren. 2022 loung den Taux beispillsweis nach bei knapp 33 Prozent am 2. Tour, allerdéngs waren och gëschter manner wéi d’Hallschent vun hinnen an de Walbüro. Fir de ganze Benelux-Raum loung den Taux de participation bei 48,3 Prozent.

Zu Lëtzebuerg waren et der e wéineg méi: 49,6 Prozent. Zu Bréissel ware vun den iwwer 104.000 Walberechtegten der just 48 Prozent wielen an zu Amsterdam souguer manner wéi 48 Prozent. An do fënnt sech da vläicht och e Grond, firwat déi just knapp 15.000 Fransousen a Franséisnnen hei am Land déi um Enn eng Stëmm ofginn hunn, esou en decisiven Afloss op d’Endresultat haten.

Staarken RN an der Lorraine

Intressant ass et awer och eemol direkt iwwert d’Grenz bei eis franséisch Nopere kucken ze goen, well och do huet den Nouveau Front Populaire sech net duerchgesat.

An der Lorraine huet de rietsextreme Rassemblement National a ganzer 10 vun 21 Walbezierker gewonnen. En huet säi Score am Verglach mat de leschte Parlamentswalen a Frankräich méi wéi verduebelt a klëmmt vu 4 op 10 gewielten Deputéiert. Dat heescht och, datt beispillsweis an der 6. Circonscriptioun vun der Meurthe et Moselle d’Vizepresidentin vun der Assemblée Nationale ecartéiert gouf: D‘Caroline Fiat vu La France Insoumise, déi fir den Nouveau Front Populaire ugetruede war.

An engem historesch lénksen Territoire kënnt hei elo e rietspopulistesche Kandidat un d‘Muecht, den Anthony Boulogne. Dat nämlecht Bild am Pays Haut. Am Departement Moselle war d‘Deputéiert vu La France Insoumise schonn am éischten Tour erausgehäit ginn, mam Resultat, datt keen LFI-Deputéierte méi an der Lorraine sëtzt.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa
International
Politik