Wanteraktioun

Wéinst dem Wieder dëse Weekend mécht d'Wanteraktioun hir Dieren een Dag méi fréi op

D’Wanteraktioun um Findel, déi Sans-abrien an de kale Méint en Daach iwwert dem Kapp gëtt, leeft wéinst de Wiederprévisioune schonn e Samsden un, also en Dag méi fréi wéi virgesinn. Dat huet den DP-Familljeminister Max Hahn de Moien erkläert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
(Foto: Eric Ewald)

Dobäi huet hien och iwwer den Oflaf an d’Modalitéite vun der Wanteraktioun 2026/2027 informéiert huet. 

D'Wanteraktioun leeft bis Mëtt Abrëll an eventuell nach doriwwer eraus, wann d'Wiederkonditiounen et erfuerderen. 

"Mir hunn hei eng Struktur, déi huet 250 Better, kann eropgeschrauft ginn op 300 Better. Wéi ech virun dräi Joer Minister gi sinn, hu mir direkt am éischte Joer missen Noutzelter vun der Arméi hei bäisetzen, well mir einfach ganz vill Leit haten, iwwer 70% méi Leit, déi virdrun de sozialen Träger vum Terrain net bekannt waren."

Der "Haaptvocatioun" gerecht ginn

Hie steet fir d'Politik vum Machbaren, huet de Familljeminister gesot. 

"Dann heescht dat och, datt mir eiser Haaptvocatioun gerecht ginn. Nämlech dofir ze suergen, datt mir obdachlose Mënschen hei zu Lëtzebuerg kënnen iwwer déi kal Méint en Daach, Hygiène, Iessen a sozialen Encadrement zur Verfügung stellen." 

Dowéinst goufe Krittären agefouert, no deene Leit, déi an d’Wanteraktioun kommen, méi wéi dräi Méint zu Lëtzebuerg musse sinn. Domat wollt ee verhënneren, datt Leit just op Lëtzebuerg kommen, fir vun der Wanteraktioun Gebrauch ze maachen, esou den DP-Minister.

Dräi Méint an dräi Nuechten

Den Haaptkrittär ass deen, dass ee muss 3 Méint am Land sinn, fir eng Plaz um Findel ze kréien. Am anere Fall gëllt de Prinzip, dass een 3 Deeg/3 Nuechte bleiwe kann, sou de Max Hahn:

"Doduerch hu mer et gepackt, dee Peak ze briechen a konstant ze halen an net weider nach dozou bäizedroen, dass nach méi Leit wëlle vun där Offer hei profitéieren."

Géif et dee Krittär net ginn, hätt dat dozou gefouert, datt ee Selektioune vu Persounen hätt misse maachen, sot den DP-Politiker, wat een net gewollt hätt.

Affer vum Succès

D’Wanteraktioun ass Affer vun hirem Succès, wéi d’Zuele beleeën.

"Mir hunn iwwert déi lescht dräi Joer ronn 2.200 Leit, déi hei betreit gi sinn. Mir gesinn, dass mer eng Konstanz hu vun 100 Leit, déi quasi d'Integralitéit vun deene fënnef Méint hei wäerte bleiwen."

An dat trotz vill Changement ënnert de Beneficiairen. Op déi waarde 26 fest Mataarbechter:innen a bis zu 180 Benevoller.

Lauschterenplay_arrow