Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Sträichquartett Nr.6 a Fa Mineur, Op. 80, II. Allegro assai - Alinde Quartett

play_arrow Live
opus

/ Déi héich Flosspeegele gi lues zeréck, just nach Alerte Orange vu Meteolux

D'Héichwaasser- an d'Meteosituatioun

Déi héich Flosspeegele gi lues zeréck, just nach Alerte Orange vu Meteolux

Et gëllt an Tëscht just nach Alerte Orange wéinst dem Héichwaasser. Am Verglach mat de Nopeschregioune wier een a Punkto Iwwerschwemmunge mat engem bloen Aen dervu komm, dat sot den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt de Moien am 100,7-Interview iwwert déi vergaange Stonnen.

auto_stories

6 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Situatioun de Samschdeg um 10:45 zu Réimech (Foto: Nathalie Mertesdorf)

Informatiounen zur aktueller Wiederlag a méiglechem Héichwaasser fannt Dir op inondations.lu an op meteolux.lu.


Op der Musel klëmmt d’Waasser den Ament nach, mee do misst sech d’Situatioun am Laf vum Weekend entspanen. An op der Uelzecht misst d’Waasser sech haut schonn nees zréckzéien. Meteolux annoncéiert momentan fir dat ganzt Land eng Alerte Orange. Am fréie Freideg Owend hat d'Héichwaasserzentral eng rout Alerte wéinst Héichwaasser ronderëm d’Uelzecht declenchéiert, dës gouf mëttlerweil och erofgestuuft.

Déi aktuell Peegelstänn fannt dir op inondations.lu an an der „Meine Pegel App“.

D'Situatioun an der Stad Lëtzebuerg entspaant sech nees

D‘Stater Gemeng huet de Samschdeg Moie matgedeelt, datt ab elo d‘Stroossen, déi wéinst dem staarke Reen gespaart gi waren, lues a lues nees fir den Trafic opginn, grad wéi och d‘Buslinnen op deene Strecken. D‘Esplanade laanscht d‘Uelzecht an de Vëloswee PC1 bleiwen awer bis op Weideres nach gespaart.

Aktuell Informatiounen fënnt een am Liveticker vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Situatioun de Freideg den Owend un 8 Auer a Clausen

Cellule d'évaluation huet Situatioun am Bléck behalen

Den Haut commissariat a la protection nationale hat de Freideg den Owend matgedeelt, datt wéinst dem ville Reen mat gréisseren Iwwerschwemmungen ze rechnen ass, déi eng Gefor kënnen duerstellen, och op Plaze wou Héichwaasser rar ass. Op der Uelzecht war d’Côte de préalerte deelweis iwwerschratt ginn.

Eng Cellule d’évaluation huet d’Situatioun am Bléck behalen, housch et an engem Communiqué.

D'Situatioun de Freideg den Owend um 21:00 Auer (Foto: Nathalie Mertesdorf) | © Nathalie Mertesdorf
D'Situatioun de Freideg den Owend um 21:00 Auer (Foto: Nathalie Mertesdorf) (Foto: Nathalie Mertesdorf)

Staarke Reen bis de Freideg 21 Auer

De Reen hat sech zënter Freideg de Mëtteg verstäerkt an hat bis de Freideg Owend um 8 Auer ugehalen, esou de Luca Mathias vu MeteoLux. Néierschléi vu 50 bis 60 Liter de Meterkaree pro Stonn waren ze erwaarden, sou de Luca Mathias.

D'Péitruss am Gronn de Freideg um 19 Auer | © Christiane Kleer
D'Péitruss am Gronn de Freideg um 19 Auer (Foto: Christiane Kleer)

Flosspeegelen hu Pic erreescht

De Reen huet sech am Laf vun der Nuecht berouegt an déi meescht Peegelen hunn hir Picken erreescht. Haut Samschdeg soll et nach zäiteweis reenen, duerno soll de Reen a Schaueren iwwergoen. "Wäitflächege Reen“ wier fir haut net méi virgesinn, sou de Meterolog.

Wéini hëlt de Reen of?

Den Donneschdeg schonn hätt ee Wiedermodeller gesinn, déi op e gréissert Reegebitt vum Südosten aus (aus dem Südweste vun Däitschland hier) higewisen hätten. Dat mat engem Déifdrockgebitt, dat sech nëmme relativ lues beweegt, sou de Luca Mathias.

“Gëschter Owend schonn an dann och wärend der Nuecht hu mir d’Modeller weider am A behalen, well d’Modeller gëschter nach gréisser Diskrepanzen haten, wat elo d’Reequantitéiten ugeet, fir eist Land." 

Dës Diskrepanze wieren am Laf vum Freideg Moien awer manner ginn, esou de Lucas Mathias. Dëst Déifdrockgebitt war quasi stationär, ass deemno iwwert dem Land hänke bliwwen an huet sech e bëssse gedréint.

“Momentan ginn d’Modeller dovun aus, dass dann eben no Mëtternuecht, plus ou moins, dat Reegebitt lues a lues dann ofschwäche wäert a sech da bis muer de Moien quasi ausreene wäert.”

Firwat eréischt de Freideg de Moien eng Alerte orange?

Dem Luca Mathias no koum déi orange Warnung vu MeteoLux dann och eréischt de Freideg Moien eraus, well ee sech den Donneschdeg nach net sécher konnt sinn. Dat op Grond vun de groussen Ënnerscheeder tëscht de Modeller. De Freideg Moien hätt et dunn awer ebe méi Modeller ginn, déi a Richtung vu 50 bis 60 Liter Ree pro Meterkaree goungen, wouropshin een dunn d’Decisioun geholl hätt, fir de Süden eng orange Warnung erauszeginn, sou de Meteorolog vu MeteoLux.

Méi Informatioune ginn et op MeteoLux.lu

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit