Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Weltplastikkonferenz geet ouni Accord op en Enn

Südkorea

Weltplastikkonferenz geet ouni Accord op en Enn

Déi 5. Plastikkonferenz ass no enger Woch ouni Accord op en Enn gaangen. D'Vertrieder:innen aus den iwwer 170 Länner hu sech zu Busan a Südkorea drop gëeenegt, d'Diskussiounen d'nächst Joer weiderzeféieren.

auto_stories

1 min

Den Haaptsträitpunkt, deen nach ëmmer oppe bleift ass, d'Diskussioun ronderëm eng méiglech iewescht Grenz fir déi weltwäit Plastikproduktioun. Dëst huet nämlech eng Koalitioun aus ronn 100 Staaten, dorënner och d'EU, gefuerdert. Uelegstaate wéi Saudi-Arabien oder Russland hate sech géint esou eng Grenz gewiert a gefuerdert, datt sech éischter op eng méi effizient Offallwirtschaft konzentréiert soll ginn.

Ëmweltorganisatioune kritiséieren, datt keen Accord fonnt gouf. WWF no hätt ee wärend de Verhandlungen de Widderstand vun enger Minoritéit u Staaten erlieft. Greenpeace begréisst awer, datt d'Verhandlunge weidergeféiert solle ginn.

De Vereenten Natiounen no ginn all Joer iwwer 400 Milliounen Tonne Plastikdreck produzéiert. 2022 hate sech bal 200 UN-Memberstaaten drop gëeenegt, dëst bis Enn dëst Joer anzedämmen. En Ofkommes gouf wärend bal 10 Joer preparéiert.