Den 30. Abrëll spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing an dat ënner dem Titel “What a Wonderful World”. Den Titel huet awer näischt mam Lidd ze dinn, dat 1967 vum Louis Armstrong interpretéiert gouf. Vu wéi enger net esou wonnerbarer Welt do rieds geet a wéi eng Roll d’Musek spillt, fir Léisungen ze fannen: dat an nach vill méi verréit den Dirigent am Gespréich mam Marie Trussart. Awer och, wéi hien d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an deene leschten 30 Joer matkritt huet.
Klassik Aktuell
What a wonderful world!
En Owend mat engem hoffnungsvolle Message mam Gast Waltzing an de Lëtzebuerger Philharmoniker. E vilfältege Programm mat Musek vun aller Welt an renomméiert Solist:innen: der Sängerin Morgane Li, dem David Laborier op der Gitar an dem Daniel Grusel um Badoneon.
auto_stories
1 min
headphones9 min