De William Levi Dawson gëtt fir seng 'Negro Folk Symphony' schonn an den 30er Jore gefeiert. Zeréck an d'Concertssäll ass seng Musek awer réischt duerch d’Black Lives Matter Beweegung komm. Hie war e Komponist, dee sech intensiv mat der traditioneller afrikanescher Musek ausernaner gesat huet. Dofir ass hie mat engem Opnamapparat a Westafrika gereest. Dat wat hien opgeholl huet, huet hie spéider a senger Musek verschafft. D’Maria Gutierrez huet säi Liewenslaf analyséiert.