Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Xavier Bettel: "Et war ni einfach, mee et ass och net méi einfach ginn”

Am Noen Osten 

Xavier Bettel: "Et war ni einfach, mee et ass och net méi einfach ginn”

Den Ausseminister Xavier Bettel war déi lescht 2 Deeg am Noen Osten, hien hat do politesch Rendez-vouse mat sengen Homologen aus der israeelescher Regierung a vun der palästinensescher Autoritéit, nieft aneren Entrevuë wéi zum Beispill mam Roude Kräiz. Et war dem Xavier Bettel seng véiert Rees an d'Regioun zënter hien Ausseminister ass.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Xavier Bettel | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Et wier elo scho besser wéi virun e puer Wochen, seet de Xavier Bettel. "Also am Moment ass e Waffestëllstand do, en ass fragil, mee am Moment ass en nach do", sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

Als Ausseminister vu Lëtzebuerg wier et seng Aufgab nozelauschteren a Messagë weiderzeginn. De Virdeel vu Lëtzebuerg wier, datt ee vu kenger Partei als Feind géif ugesi ginn. 

"Ganz oft si Länner, wou een da pro Palästina oder pro Israel sinn. Mir si pro Fridden. Mir si pro Fridden."

Lëtzebuerg wëllt objektiv sinn

Den Ausseminister ass der Meenung, datt et wichteg wier net ze soen, datt ee fir deen een oder fir deen aneren ass. Et wéilt een net neutral mee objektiv sinn. 

Datt Israel elo d'Stroumversuergung an der Gazasträif gekappt huet, wier en Zeechen, datt si Drock op d'Hamas wéilte maachen. 

"Mee et ass wéi ëmmer. Et ass net den Hamas, deen drënner leit, et sinn d'Leit."

Xavier Bettel: "D'Hamas ass net d'Léisung"

De Xavier Bettel betount, hien hätt dem israeelesche Minister gesot, datt déi israeelesch Regierung d'Verantwortung dofir missten droen. 

Et schéngt wéi wann an der Gazasträif d'Ënnerstëtzung fir d'Hamas géif erofgoen, heescht et weider. D'Hamas wier net d'Léisung fir de Probleem, seet de Xavier Bettel.

Lauschterenplay_arrow