Gregorianik an zäitgenëssesch Musek. Oder anescht gesot: Musek aus dem Mëttelalter a vun haut. Et sinn zwou Richtungen, déi net méi wäit ausernee kéinte leien. Datt se trotzdeem beienee passen, dovu war virun zéng Joer de Christophe Unkelhäusser iwwerzeegt. Datt hie Recht hat, beweist de Mini-Festival Odo Sonoritas, deen den 18. November fir déi zéngte Kéier béid Genrë kombinéiert.
Am Live-Interview froen d'Marie Schockmel an de Luc Boentges no, wéi et zu dëser verréckter Iddi koum, wéi sech de Festival entwéckelt huet a wat dëst Joer op der Affiche steet.
De Festival Odo Sonoritas ass e Samschdeg, 18. November an der Kierch zu Stolzebuerg. Den éischten Deel start um 16:00 Auer, deen zweeten um 19:30 Auer.