Den Dirigent Zubin Mehta gëllt als e Spezialist vun der Musek vum Richard Strauss, där hier orchestral Opulenz him wonnerbar läit. Dräi Toundichtungen huet hien op de Programm vun engem Concert mam Australian World Orchestra gesat, engem Orchester mat Museker aus Australien an aus deene beschten Orchesteren uechter d'ganz Welt. De Concert gouf live opgeholl am ikoneschen Opernhaus vu Sydney.
Dëse Concert gouf den 2. September 2022 am Sydney Opera House Concert Hall vum ABC Classic FM opgeholl an dem opus 100,7 iwwer d'European Broadcasting Union zur Verfügung gestallt.